De Staatschef

D‘Residenzen

Den Artikel 44 vun der Verfassung stellt dem Grand-Duc Residenze fir d'Ausübe vu sengem Amt zur Verfügung. Sou ass de groussherzogleche Palais d'Aarbechtsplaz, a Schlass Bierg d'Residenz vum Grand-Duc.

Palais grand-ducal de nuit
© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Groussherzogleche Palais

Zanter méi wéi engem Joerhonnert ass de Palais déi offiziell Residenz vum Grand-Duc fir d'Ausübe vu sengen Aufgaben. E läit am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg a symboliséiert d'Proximitéit vun der groussherzoglecher Famill an dem Vollek.

Vum Gemengenhaus zum Regierungsgebai

Den 11. Juni 1554 gouf e groussen Deel vun der Stad duerch e Feier zerstéiert. E Blëtz hat an d'Franziskanerkierch ageschloen an dat um Späicher gelagert Polver explodéiere gedoen. Den Ëmbau vum Gemengenhaus huet eréischt am Joer 1572 ugefaangen, dank dem Baumeeschter vun der Stad Adam Roberti. D'Aarbechte waren am Joer 1573 fäerdeg. An de Jore 1683 a 1684 gouf d'Gemengenhaus wärend der Belagerung duerch franséisch Truppen nees schwéier getraff. Wärend de Bombardementer goufen d'Kelleren als Schutzraum vun den Awunner genotzt.

Am Joer 1728 konnt d'Stad nees a Reparaturaarbechten investéieren. Am Joer 1741 gouf d'Gemengenhaus duerch den Ubau vum Gebai "La Balance" vergréissert. Wéi déi franséisch Verwaltung vu 1795 bis 1814 an d'Stad geplënnert ass, gouf d'Gemengenhaus Sëtz vun der Präfektur vum Département des Forêts.

Vun 1817 un huet de Gouverneur vum Kinnek am Gemengenhaus, dat deemools "Hôtel de gouvernement" genannt gouf, gelieft a geschafft. Am Joer 1848 gouf et de Sëtz vun der éischter Lëtzebuerger Regierung. Et gouf tëscht 1825 an 1856 vergréissert, well d'Regierung verschidden Haiser an der Noperschaft kaf hat. Och d'Chamber war an deem Gebai, bis se 1860 an d'Gebai riets nieft dem Palais verluecht gouf. Um zweete Stack souz vun 1857 un den neigeschaafte Staatsrot, donieft den archeologesche Musée, de Service agricole an d'Kommissioun vum ëffentlechen Unterrechtswiesen. Am Joer 1883 sinn d'Gebailechkeete renovéiert ginn, dat fir de Besuch vum Roi-Grand-Duc Guillaume III. vun Holland a senger Fra zu Lëtzebuerg.

Palais grand-ducale en 1890
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Déi groussherzoglech Kutsch virum Haaptagank vum Palais – Krautmaart, Lëtzebuerg-Stad, 1900er-Joren

Residenz vum Grand-Duc

Vun 1890 u gouf dat aalt Gemengenhaus d'Residenz vum Grand-Duc Adolphe. De Palais gouf komplett renovéiert. Ënner der Opsiicht vum belschen Architekt Gédéon Bordieau an dem Staatsarchitekt Charles Arendt gouf en zousätzleche Fligel am Bannenhaff opgeriicht. De Grand-Duc huet de gréissten Deel vun de Käschten iwwerholl an huet 1895 seng Miwwelen aus de Residenze vu Bieberich, Wiesbaden, Weilburg, Frankfurt a Wien op Lëtzebuerg komme gelooss.

Vue de la façade principale du Palais grand-ducal - 1890
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Vue op d'Haaptfassad vum groussherzogleche Palais - 1890

1895 - Échafaudage devant la façade du Palais grand-ducal
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De groussherzogleche Palais bei der Renovatioun - 1895

1909 - Défilé populaire devant le Palais grand-ducal
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Volleksfest-Cortège virum groussherzogleche Palais mat de Membere vun der groussherzoglecher Famill, ronderëm d'Groussherzogin-Regentin Marie Anne - 1909

Wärend dem Zweete Weltkrich gouf de groussherzogleche Palais vun der däitscher Besatzung confisquéiert an zu engem Concertssall an enger Wiertschaft ëmfunktionéiert. Och Miwwel, Bijouen a Konschtwierker goufe beschlagnaamt. Un der Fassad hounge Fändele mam "Hakekräiz". Eréischt de 14. Abrëll 1945 konnten d'Lëtzebuerger d'Grande-Duchesse nees um Balcon vum Palais gesinn, deen zum architektonesche Symbol vun der Monarchie gouf. 1964 gouf de Palais banne vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte deelweis renovéiere gelooss.

Vue op d'Fassad vum Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Vue op d'Fassad vum Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Vue op en Tuerm vum Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Vue op de groussherzogleche Palais © José-Noel Doumont

Vue op de groussherzogleche Palais

 

No grousse Renovéierungsaarbechten an de Joren 1991 bis 1996 huet de Palais säin ale Glanz erëmkritt.

Hautdesdaags ass de groussherzogleche Palais d'Aarbechtsplaz vum Grand-Duc. Och d'Maison du Grand-Duc ass am Palais an a senge Niewegebaier.

Wärend dem Summer ass de Palais fir d'Ëffentlechkeet op an et gi Visitte vum Luxembourg City Tourist Office organiséiert. De ganzen Erléis ass fir d'Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse.

Wéi kann een de Palais besichen?

Loftopname vum Palais
Loftopname vum Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Loftopname vum Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Loftopname vum Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Loftopname vum Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
 
Den Interieur vum Palais
D'"Salle d'Armes" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D'"Salle d'Armes" am Palais

D'"Petite Salle d'Armes" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D'"Petite Salle d'Armes" am Palais

Den "Escalier d'honneur" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Den "Escalier d'honneur" am Palais

Den "Hall d'Accueil" um éischte Stack am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Den "Hall d'Accueil" um éischte Stack am Palais

D'"Salle à manger" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D'"Salle à manger" am Palais

De "Bureau des ministres" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De "Bureau des ministres" am Palais

D'"Salle des Cartes" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D'"Salle des Cartes" am Palais

De "Salon des Rois" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De "Salon des Rois" am Palais

De "Salon Jaune" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De "Salon Jaune" am Palais

D'"Salle des Fêtes" am Palais © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D'"Salle des Fêtes" am Palais

 

Schlass Bierg

Photo du Château de Berg, vue du jardin
© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

A privilegiéierter Lag iwwer dem Uelzechtdall geleeën, huet d'Schlass Bierg zanter dem Mëttelalter eng ganz Rei un Ëmbauaarbechten an esouguer Ofrëss erlieft. D'Architektur vum Gebai ass zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert onverännert. Zanter dem Zweete Weltkrich ass d'Schlass de Wunnsëtz vum Grand-Duc.

Vue extérieure de l'ancien Château de Berg
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Vue aus de Gäert op déi fréier Fassad vu Schlass Bierg am Joer 1895

Ancienne cour intérieure du Château de Berg
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Vue an de Bannenhaff vum fréiere Schlass Bierg, 1895

Vu fréien Ufäng bis zum Wunnsëtz vum Herrscher

E "Seigneur de Berg(he)" gëtt fir d'éischt am Joer 1311 ernimmt.

D'Schlass Bierg huet de Proprietär dacks gewiesselt, bis de Grand-Duc Guillaume II. d'Lännereien am Joer 1845 vum Baron Claude du Pasquier kaaft huet. Wärend der Herrschaft vum Guillaume III. gouf d'Schlass deelweis am neogotesche Stil ëmgebaut.

1891 huet de Grand-Duc Adolphe dem Kinnek seng privat Domäner ofkaaft. Am selwechte Joer ass den Ierfgroussherzog Guillaume IV. op Schlass Bierg geplënnert, wou hie mat senger Fra, der Infantin Marie Anne vu Bragança, sechs Meedercher krut. Nodeems hien op den Troun komm war, huet de Guillaume IV. dat aalt Schlass ofrappen an duerch e Gebai ersetze gelooss, dat de Bedürfnisser vun der deemoleger Zäit entsprach huet. D'Pläng fir dat neit Schlass goufe vum Münchener Architekt Max Ostenrieder entworf a vum Lëtzebuerger Architekt Pierre Funck-Eydt duerchgefouert. D'Aarbechten hu vun 1907 bis 1911 gedauert. D'Marie-Adelaïde an d'Charlotte hu wärend hire Regentschaften och do gewunnt.

Démolition de l'ancien Château de Berg
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg / C. Krantz

Ufank vun den Ofrappaarbechte vum ale Schlass, 1907

1910 - Démolition de l'ancien Château de Berg
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Ofrëss an Neibau vu Schlass Bierg, 1910

D'Schlass am 20. Joerhonnert

1934 goung d'Schlass an de Besëtz vum lëtzebuergesche Staat iwwer, ass awer Wunnsëtz vum Grand-Duc bliwwen. D'Schlass, dat an engem Park läit, huet ongeféier honnert Raim, déi gréisstendeels als Wunnraum genotzt ginn.

Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Schlass vun der däitscher Besatzung als Elitteschoul fir jonk Meedercher ageriicht. Den Ëmbau, dee si dofir gemaach hunn, huet vill Schued ugeriicht an, grad wéi am Palais an der Stad, goufen och hei d'Miwwelen a Konschtwierker ënnerschloen. Nach haut sinn un der Fassad zur Säit vum Gaart op Schlass Bierg Aschosslächer vum Krich ze gesinn.

Années 30 - Vue aérienne du nouveau Château de Berg
© Privat Kollektioun Cour grand-ducale

Foto vu Schlass Bierg an den 1930er-Joren

1919 - Le Château de Berg après sa reconstruction
© Privat Kollektioun Cour grand-ducale

D'Schlass Bierg nom Nees-Opbau am Joer 1919

Wärend de Renovatiounsaarbechten nom Krich huet d'Grande-Duchesse Charlotte bis 1964 mat hirer Famill op Schlass Fëschbech gelieft. Tëscht 1964 an 2000 hunn de Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte op Schlass Bierg gelieft.

Nodeems de Grand-Duc Henri op den Troun koum, gouf d'Schlass Bierg deelweis renovéiert.

Well dem Grand-Duc de Schutz vun der Ëmwelt um Häerz läit, gëtt de Park no ökologeschen an nohaltege Prinzippie gefleegt, ouni Pestiziden an am Respekt vun der Natur.

 

Bei Geleeënheet vun de Feierlechkeete ronderëm den Nationalfeierdag invitéieren de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Gesellschaft op Receptiounen an de Gaart vum Schlass.

Baussebiller vu Schlass Bierg
Wanterlech Atmosphär op Schlass Bierg © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Wanterlech Atmosphär op Schlass Bierg

Vue vu baussen op d‘Schlass Bierg © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Vue vu baussen op d‘Schlass Bierg

Schlass Bierg bei Nuecht © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Schlass Bierg bei Nuecht

Vue op d'Gäert vum Schlass © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Vue op d'Gäert vum Schlass

D'Gäert vu Schlass Bierg © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

D'Gäert vu Schlass Bierg

Loftopnam vun de Gäert vu Schlass Bierg © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Loftopnam vun de Gäert vu Schlass Bierg

 

Galerie iwwer d'Blummendekoratiounen an d'Gäert

Schlass Fëschbech

Vue de face - Château de Fischbach
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Schlass Fëschbech

Den Häresëtz Fëschbech ass ee vun den eelsten zu Lëtzebuerg a kéint op de Besëtz vun der Abtei Iechternach zeréckgoen. Den éischte bekannte Seigneur, Udo de Fischbach, gëtt am Joer 1050 ernimmt. Wéi d'Schlass Bierg huet och d'Schlass Fëschbech dacks de Proprietär gewiesselt a vill Verännerungen an Zerstéierungen erlieft, virun allem wéi et 1635 vun de Polen, déi an der Arméi vum Herzog François vu Lothringen gedéngt hunn, néiergebrannt gouf.

Am Joer 1850 krut de Kinnek Guillaume II. de Besëtz, an hien huet e groussen Deel vun den Industriegebaier ofrappe gelooss, déi gebaut gi waren, nodeems de leschte Proprietär, den Industriellen Auguste Garnier, de Besëtz un déi Belsch S.A. des Hauts Fourneaux verschenkt hat. Am Joer 1891 koum d'Schlass Fëschbech an de Besëtz vum Grand-Duc Adolphe.

Wärend dem Zweete Weltkrich huet déi däitsch Besatzung d'Schlass zu engem Heem fir Kënschtler gemaach an hunn et "Künstlerheim Fischbach" genannt. E groussen Deel vun de Miwwelen a Konschtwierker goufen ënnerschloen.

Vun 1945 u war d'Schlass Fëschbech de beléifte Wunnsëtz vun der Grande-Duchesse Charlotte, a si huet bis zu hirem Doud do gelieft. De Prënz Henri a seng Fra hu vun 1987 bis 2000 do gewunnt, éier de Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte am Joer 2002 erageplënnert sinn.

Zanter dem Doud vum Grand-Duc Jean am Joer 2019 wunnen den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin mat hire Jongen, de Prënze Charles a François, am Schlass.

Am Géigesaz zu den zwee anere Sitten, gehéiert d'Schlass Fëschbech net dem Staat. Den Ënnerhalt an d'Renovéierung gëtt awer fir déi Zäit, wou d'Schlass als Wunnsëtz vum Ierfgroussherzog, dem Lieutenant-Représentant oder dem fréiere Grand-Duc genotzt gëtt, vum Staat bezuelt, sou wéi am Arrêté grand-ducal vum 9. Oktober 2020 iwwert d'Grënnung vun der Maison du Grand-Duc virgesinn.

D'Haaptentrée vu Schlass Fëschbech © Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Haaptentrée vu Schlass Fëschbech

Vue op d'Schlass Fëschbech © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Vue op d'Schlass Fëschbech

Vue op en Deel vun der Fassad vu Schlass Fëschbech © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Vue op en Deel vun der Fassad vu Schlass Fëschbech

D'Schlass Fëschbech am Schnéi © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg / Jochen Herling

D'Schlass Fëschbech am Schnéi

Postkaart vu Schlass Fëschbech © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Postkaart vu Schlass Fëschbech

Postkaart vu Schlass Fëschbech © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Postkaart vu Schlass Fëschbech

 

Fir méi gewuer ze ginn: