Actualité

Gebuertsdaagsportraiten vum Grand-Duc an dem Belsche Kinnek

Mir freeën eis, zesumme mam Belschen Haff, zwou ganz besonnesch Fotoen vum Grand-Duc mam Belsche Kinnek ze deelen.

Déi zwee Staatscheffe sinn am Moment zesummen zu Bréissel, wou si dësen Dënschden d‘Staatsvisitt aleeden a bal zäitgläich hir Gebuertsdeeg feieren: de Kinnek Philippe kritt op dësem Méinden, 15. Abrëll 64 Joer, iwwerdeems de Grand-Duc, deen de 16. Abrëll 1955 zu Betzder gebuer ass, säin 69. Gebuertsdag feiert.

© Belgian Royal Palace – Bas Bogaerts
© Belgian Royal Palace – Bas Bogaerts