D'groussherzoglech Famill

D’Grande-Duchesse Adelheid Marie

Gebuer

25. Dezember 1833

zu Dessau, Däitschland

Portrait peint de S.A.R. la Grande-Duchesse Adélaïde-Marie
© Kollektioun Cour grand-ducale

Biografie

D'Adelheid Marie, Herzogin vun Nassau, gouf den 23. November 1890, wéi de Grand-Duc Adolphe op den Troun koum, déi éischt Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg.

Si war vun 1851 bis zu hirem Doud am Joer 1905 mam Adolphe vun Nassau bestuet. D'Koppel hat fënnef Kanner, vun deenen der just zwee bis an den Erwuessenenalter iwwerlieft hunn:

  • den Ierfprënz Guillaume (1852-1912);
  • de Prënz Frédéric (1854-1855);
  • d'Prinzessin Marie Bathildis (1857-1857);
  • de Prënz François Joseph (1859-1875);
  • d'Prinzessin Hilda (1864-1952).

D'Adelheid Marie ass de 24. November 1916 zu Königstein am Taunus gestuerwen.

Lithographie polychrome de la jeune Princesse Adélaïde-Marie
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Polychrom Lithografie vun der jonker Prinzessin Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau um Päerd

Fir méi iwwer de Grand-Duc Adolphe gewuer ze ginn

D'Jugend vun enger talentéierter Molerin

Hiert Talent fir ze mole gouf scho fréi vun hiren Elteren, dem Prënz Friedrich August vun Anhalt-Dessau an der Prinzessin Marie Louise Charlotte vun Hessen-Kassel, gefërdert. Nodeems si d'Landschaftsmolerei beim Carl Irmer geléiert hat, gouf si vum Otto Reinhard Jacobi zu Wiesbaden ënnerriicht. Fir d'Ierwe vun hirer am Joer 1856 verstuerwener Mamm, der Herzogin Pauline, ze éieren, hunn d'Herzogin Adelheid Marie an den Herzog Adolphe 1857 zu Wiesbaden d'"Fürstin-Pauline-Stiftung" gegrënnt, déi bis haut besteet. Vun 1859 un huet d'Adelheid Marie d'Summerméint zu Königstein am Taunus verbruecht, wou si hir Studien an der Molerei mat der Hëllef vu renomméierten Zeechekënschtler verdéift huet. Si war Éierepresidentin vum "Nassauischen Kunstverein", deen 1847 gegrënnt gouf a bis haut aktiv ass.

Portrait de S.A. la Duchesse Adélaïde-Marie de Nassau
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Herzogin Adelheid Marie vun Nassau

Hochzäit mam Herzog Adolphe vun Nassau

1851 huet d'Prinzessin Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau sech mam Herzog Adolphe vun Nassau bestuet.

Portrait de LL.AA.RR. le Grand-Duc Adolphe et de la Grande-Duchesse Adélaïde-Marie
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Offizielle Portrait vum Grand-Duc Adolphe vu Lëtzebuerg (1817-1905) a senger Fra, der Grande-Duchesse Adelheid Marie (1833-1916), bei Geleeënheet vun hirem 50. Hochzäitsdag.

Krich an Nokrichszäit

Wärend dem Krich vum Däitsche Bond géint Dänemark 1864 huet den Herzog Adolphe d'Ierfrecht fir d'Adelheid Marie a seng Kanner am fréieren däneschen Herzogtum Lauenburg oprechterhalen.

Am éisträichesch-preussesche Krich vun 1866 huet den Herzog Adolphe de 15. Juli seng Truppen ugefouert an huet un der Säit vun den Éisträicher an de süddäitsche Staate géint d'Preusse gekämpft. Enn Oktober, no der Annexioun vum Herzogtum Nassau duerch d'Preussen, verléisst d'Adelheid Marie Wiesbaden fir ëmmer.

Portrait of Grand Duchesse Adelheid Marie
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

An de fréien 1870er-Joren huet déi herzoglech Koppel eng Rei Reesen duerch Europa, ënner anerem Italien gemaach, wou d'Adelheid Marie nei Impulser fir hir Landschaftsmolerei gesammelt huet. Vun hirem Wunnsëtz Schlass Hohenburg bei Lenggries a Bayern aus, dat den Herzog Adolphe 1870 kaf hat, huet si als Mäzenin eng sëllege Moler vun der Münchener Schoul ënnerstëtzt. Nom Neesopbau vum Haus zu Königstein am Joer 1877 gouf dëst nees zum Zentrum vum Adelheid Marie hirer Molerei. Si huet déi 1888 erbaute protestantesch Kierch mat ville Wierker dekoréiert.

Nodeems den Adolphe am Joer 1890 Grand-Duc vu Lëtzebuerg gi war, war d'Adelheid Marie déi éischt Fra, déi eng Schlësselroll am Lëtzebuerger Konschtliewe gespillt huet. Si huet mam Lëtzebuerger Moler Pierre Blanc zesummegeschafft an huet den Haut-Patronage vum "Cercle Artistique de Luxembourg" iwwerholl.

S.A.R. la Grande-Duchesse Adélaïde-Marie - Visite officielle
© Privatkollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Adelheid Marie bei engem offizielle Besuch

D'Liewen nom Doud vum Grand-Duc Adolphe

Nom Doud vum Grand-Duc Adolphe am Joer 1905 huet si sech op Königstein zeréckgezunn, wou si sech vill ëm d'Erzéiung vun hire sechs Enkelinne gekëmmert huet. D'Grande-Duchesse huet awer och Lëtzebuerg net vergiess a sech reegelméisseg hei opgehalen. Si huet weider gemoolt an eng Retrospektiv vun hire Wierker zu Königstein am Joer 1915 krut grouss Opmierksamkeet.

Mam Doud vun der Grande-Duchesse, déi als eng ganz intelligent a kultivéiert Fra beschriwwe gouf, ass net nëmmen d'Fra vum éischte Grand-Duc, mee och d'Urmamm vun der Lëtzebuerger Dynastie gestuerwen. D'Adelheid Marie ass an der Fürstengruft vun der Famill Nassau zu Weilburg begruewen.

Photo de groupe autour de la Grande-Duchesse Adélaïde-Marie
© Privatkollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Fotoe vun der Grande-Duchesse Adelheid Marie

D'Grande-Duchesse Marie-Adelaïde, d'Grande-Duchesse Marie-Anne an d'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

1916: D'Grande-Duchesse Marie-Adelaïde, d'Grande-Duchesse Marie-Anne an d'Grande-Duchesse Adelheid Marie

D'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
D'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
D'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
D'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
D'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
D'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
D'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
D'Grande-Duchesse Adelheid Marie © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
 

Fir méi gewuer ze ginn:

Fir méi iwwer de Grand-Duc Adolphe gewuer ze ginn