D'groussherzoglech Famill

D‘Grande-Duchesse

Gebuer

22. Mäerz 1956

zu Havanna, Kuba

Portrait de la Grande-Duchesse
© Maison du Grand-Duc / Emanuele Scorcelletti

Biografie

"Als Fra mat groussem Häerz an déiwer Iwwerzeegung, stellt d'Grande-Duchesse de Schutz vu schwaache Mënschen an d'Verdeedegung vun de Rechter vu Fraen a Meedercher géint all Form vu Gewalt an de Mëttelpunkt vun hiren humanitären a sozialen Aktiounen."

D'Grande-Duchesse Maria Teresa ass eent vu véier Kanner vum Här José Antonio Mestre a senger Fra Maria Teresa Batista-Falla de Mestre.

De 14. Februar 1981 huet d'Maria Teresa Mestre den Ierfgroussherzog Henri an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg bestuet. Aus hirem Bestietnes gi véier Jongen an eng Duechter ervir:

De 7. Oktober 2000 gouf den Ierfgroussherzog Henri Grand-Duc vu Lëtzebuerg. Säitdeem dréit d'Prinzessin Maria Teresa den Titel "Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg".

D'Grande-Duchesse ass Groussmamm vu fënnef Enkelen an enger Enkelin:

  • de Prënz Charles (gebuer den 10. Mee 2020) an de Prënz François (gebuer de 27. Mäerz 2023), de Jong vum Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin,
  • d’Prinzessin Amalia (gebuer de 15. Juni 2014) an de Prënz Liam (gebuer den 28. November 2016), déi zwee Kanner vum Prënz Félix an der Prinzessin Claire vu Lëtzebuerg,
  • de Prënz Gabriel (gebuer den 12. Mäerz 2006) an de Prënz Liam (gebuer den 21. September 2007), déi zwee Jonge vum Prënz Louis vu Lëtzebuerg.

Portraite vun der Grande-Duchesse

Eng offiziell Foto, am Gala-Outfit oder ganz natierlech; entdeckt an dëser Galerie d'Grande-Duchesse

Maria Teresa et sa mère, Maria Teresa Batista-Falla de Mestre
© Kollektioun Cour grand-ducale

D'Maria Teresa mat hirer Mamm Maria Teresa Batista-Falla de Mestre

Kandheet

Schonn a fréie Jore gouf d'Grande-Duchesse fir sozial an humanitär Problematike sensibiliséiert, sou wéi dat an der Famill Traditioun ass. Hir Grousselteren Agustin Batista Y Gonzalez De Mendoza a Maria Teresa Falla Y Bonet hu sech schonn aktiv u philanthropeschen a kulturellen Aktivitéiten op Kuba bedeelegt. Hirem groussen Asaz ass ënner anerem d'Aféiere vu Gesondheetsämter, déi a benodeelegte ländleche Géigende gratis medezinesch Versuergung ubidden, ze verdanken. Hir Grousselteren hu sech och un der Grënnung vum Philharmoneschen Orchester vun Havanna bedeelegt a ware bis zur kubanescher Revolutioun deenen hiren Haaptsponsor.

Wéinst der Revolutioun vum Fidel Castro huet déi jonk Maria Teresa Mestre 1960 mat hiren Eltere José Antonio Mestre a Maria Teresa Batista-Falla de Mestre an hire Geschwëster Kuba verlooss. D'Famill mat spuenesche Wuerzelen huet sech zu New York néiergelooss, wou d'Grande-Duchesse d'Marymount School besicht huet.

Vun 1961 u war si op der  École Française zu New York. Am Juni 1965 ass d'Famill fir e puer Méint op e Familljesëtz am spuenesche Santander geplënnert, éier si sech definitiv zu Genf néiergelooss huet. Genau wéi hir Geschwëster Antonio, Luis a Catalina huet och d'Maria Teresa eng exzellent Ausbildung gehat.

Wärend hire Papp am Finanzberäich aktiv war, huet hir Mamm, déi passionéiert vu Konscht a Literatur war, sech ëm d'Famill gekëmmert an hire Kanner d'Wäerter vum chrëschtleche Glawe bäibruecht.

La Grande-Duchesse photo de famille
© Privatkollektioun Cour grand-ducale

Familljefoto. D'Grande-Duchesse, ëmgi vun hiren Elteren, hire Bridder an hirer Schwëster

Ausbildung

Vun 1961 un huet si op der  École Française zu New York studéiert. Am Juni 1965 goung d'Grande-Duchesse fir weider Etüde fir d'éischt an den Institut Marie-José zu Gstaad, dono an d'Internat Marie-Thérèse zu Genf, wou si am Juni 1975 de franséische baccalauréat gemaach huet. An der Tëschenzäit hat si och déi Schwäizer Nationalitéit ugeholl. Nom Secondaire huet si sech op der Universitéit vu Genf ageschriwwen, wou si Politikwëssenschafte studéiert huet.

Wärend de véier Joer Studien op der Universitéit huet si hire spéidere Mann, de Prënz Henri vu Lëtzebuerg, kenne geléiert, deen an déi selwecht Coursë gaangen ass.

1980 kritt d'Grande-Duchesse hiren Diplom an de Politikwëssenschaften, an de 7. November vum selwechte Joer, no hiren Universitéitsstudien, ass hir Verlobung ugekënnegt ginn.

De Prënz Henri an d'Maria Teresa zu Genève © Privatkollektioun Cour grand-ducale
Portrait vum Prënz Henri an der Maria Teresa © Privatkollektioun Cour grand-ducale
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse trëppelen Hand an Hand © Privatkollektioun Cour grand-ducale
 

Op Vältesdag 1981 huet d'Maria Teresa Mestre den Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg bestuet.

Photo jour mariage du Grand-Duc et Grande-Duchesse au palais
© Cour grand-ducale / Tony Krier

Humanitäert a soziaalt Engagement

Zënter hirer Hochzäit am Joer 1981, huet d'Grande-Duchesse, ënner anerem duerch d'Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, wou si d'Presidence huet, sëllegen Aktiounen zu Gonschte vu Mënschen an Nout zu Lëtzebuerg an an der ganzer Welt lancéiert.

D'Madame Maggy Barankitse an d'Grande-Duchesse © Hervé Montaigu / Tageblatt

2013 gesäit d'Grande-Duchesse d'Maggy Barankitse, fir sech mat hir iwwer de "Projet de la main tendue”auszetauschen, dee vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse finanzéiert gëtt.

10. Gebuertsdag vun der Stëftung Grameen Crédit Agricole © Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Grande-Duchesse zesumme mam Professer Yunus, deen de Friddensnobelpräis krut, beim 10. Gebuertsdag vun der Stëftung Grameen Crédit Agricole 2018

D’REMA-Klinik an de Mamm-Kand-Zentrum am Burundi © LUXPRESS / Jean-Claude Ernst

2008 huet d'Grande-Duchesse, an hirer Funktioun als Unicef-Beoptraagte fir Kanner, d'REMA-Klinik an de Mamm-Kand-Zentrum am Burundi besicht

Grande-Duchesse besicht Prisongen am Burundi © Luxpress

Am Juni 2009 gouf d'Grande-Duchesse vum Schicksal vu Mannerjärege gewuer, déi wéinst gewéinleche Verbriechen ënner onmënschleche Konditiounen inhaftéiert waren. Si huet sech dofir agesat, dass dës jonk Mënsche fräikoumen a si Hëllef kruten.

D'Grande-Duchesse lauschtert Betraffenen no © Croix-Rouge / Sven Becker

Am Mäerz 2018 huet d'Grande-Duchesse eng Visitt bei de Sans-abrie vun der Stad Lëtzebuerg gemaach, fir hinne moralesche Bäistand ze ginn

Virféierung vum Film "Lynn-firwat net? Inclusioun gëtt et!“ © Cour grand-ducale / Luxpress

D'Grande-Duchesse bei der Virféierung vum Film "Lynn-firwat net? Inclusioun gëtt et!" am Utopolis Lëtzebuerg 2010

Humanitär Rees an de Bangladesch a Begleedung vum Friddensnobelpräisdréier Professer Yunus © SIP / Christophe Olinger

2003 huet d'Grande-Duchesse, a Begleedung vum Friddensnobelpräisdréier Professer Yunus, eng humanitär Rees an de Bangladesch gemaach

D‘Grande-Duchesse bei de Paralympics am Joer 2004 © Luxpress / Jean-Claude Ernst

D'Grande-Duchesse bei de Paralympics 2004

Visitt vun der Associatioun Casa Sol a Portugal © SIP / Charles Caratini

D'Grande-Duchesse besicht de Veräin Casa Sol (Associação de Apoio às Crianças Infectadas pelo Vírus da Sida e Suas Famílias) a Portugal, dee sech fir d'Betreiung vun Aids-infizéierte Kanner asetzt, 2010

 

Si iwwerhëlt eng Rei Haut-Patronagen an Engagementer fir karitativ a soziokulturell Organisatiounen zu Lëtzebuerg, dorënner d'Lëtzebuerger Rout Kräiz an d'Fondation Cancer.

Ausserdeem stellt si d'Verdeedegung vun der Rechter vu Fraen a Meedercher, souwéi de Kampf géint all Form vu Gewalt géint Fraen an de Mëttelpunkt vun hirem Handelen. Dëst perséinlecht Uleies huet d'Grande-Duchesse an d'Praxis ëmgesat, andeems si Fraen dozou motivéiert, sech aktiv um Opbau vun enger gerechter Gesellschaft ze bedeelegen, déi op der Würd vum Mënsch an de Wäerter vu Solidaritéit berout.

1997 gouf si fir hiren Asaz fir d'Bildung vu jonke Meedercher, d'Rechter vun de Fraen an d'Mikrofinanzen zur Ambassadrice de bonne volonté vun der Unesco ernannt. 2007 gouf d'Grande-Duchesse zur Eminent Advocate for Children vun der Unicef ernannt. An deem Kader ënnerstëtzt si d'Intressie vu Kanner op der ganzer Welt.

D'Grande-Duchesse setzt sech onermiddlech fir Kanner an hir Educatioun an. Am Januar 2016 huet si en Internationale Forum zum Theema Dyslexie organiséiert, fir den Elteren, deenen hir Kanner mat esou Problemer konfrontéiert sinn, nei Hoffnung ze ginn a bei deem hire Fils, de Prënz Louis, iwwer seng eege Legasthenie geschwat huet.

D'Grande-Duchesse engagéiert sech fir vill Aktiounen, mat deene vulnerabele Persounen zu Lëtzebuerg an an der Welt duerch d'Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse gehollef soll ginn.

Son Altesse Royale avec enfant dans un camp de réfugiés près de Bar Elias
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

Am Oktober 2018 huet d'Grande-Duchesse e Flüchtlingslager bei Bar Elias am Libanon besicht

Si schafft zanter drësseg Joer enk mam Professer Muhammad Yunus (Friddensnobelpräis-Laureat 2006) zesummen, engagéiert sech am Beräich vun der Mikrofinanz an Inclusive Finance, a promovéiert déi Theemen zu Lëtzebuerg. Social Business a Fraen am Entrepreneuriat si fir si de Schlëssel zu der Wirtschaft vu muer. D'Grande-Duchesse ass zanter 2006 Éierepresidentin vu LuxFLAG, Luxembourg Fund Labeling Agency, der éischter Agence, déi weltwäit e Qualitéitslabel fir Mikrofinanz-Investmentfonge verdeelt. Zënter 2005 huet si och d'Presidence vun der grousser Internationaler Jury vum Europäesche Mikrofinanz-Präis, deen all Joer eng Initiativ am Beräich vun der Mikrofinanzéierung an der Inclusive Finance an Entwécklungslänner auszeechent.

Création de la Fondation Grameen Crédit Agricole
© Godong / Philippe Lissac

Am Joer 2008 huet de Professer Yunus an de Management vu Crédit Agricole S.A. d'Grameen Crédit Agricole Foundation gegrënnt, där d'Grande-Duchesse als Member vum Verwaltungsrot bäigetrueden ass. Si huet eng ganz Rei Mikrofinanz-Projeten ënnerstëtzt, déi d'Qualitéit vun der Ausbildung vu Meedercher an d'Onofhängegkeet vu Fraen duerch d'Verdeele vu Mikrokreditter verbessere sollen.

Hiren humanitären a sozialen Asaz huet d'Grande-Duchesse dacks an d'Ausland gefouert, wou si sech mat eegenen Aen e Bild vum Fortschrëtt vun de Projete maache konnt, déi si aktiv ënnerstëtzt. Si war am Nepal, Mali, Bangladesch, Thailand, Bosnien, Laos, Kenia, Senegal, Burundi an am Libanon an huet sech ëm Fraen a Kanner an Nout bekëmmert.

Am Joer 2009 gëtt d'Grande-Duchesse mam renomméierte Steiger Award als Unerkennung fir hir Aarbecht an der Kategorie "Charity" ausgezeechent.

Am selwechte Joer huet d'Grande-Duchesse op enger Rees an de Burundi eng Visitt am Zentralprisong zu Bujumbura, der Haaptstad vum Burundi, gemaach a gouf do vum Schicksal vu Mannerjärege gewuer, déi wéinst klengere Verbriechen inhaftéiert waren. Bannent véier Joer ass et der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse mat Hëllef vum Maggy Barankitse (Maison Shalom) gelongen, mam Projet de la main tendue 600 Mannerjäreger ze befreien, déi a burundesche Prisongen ënner onmënschleche Konditioune festgehale goufen. D'Kanner hunn, dank dësem Projet, no hirer Fräiloossung psychologesch, juristesch a pedagogesch Ënnerstëtzung kritt.

Am September 2016 ass d'Grande-Duchesse dem Council of Patrons of the Asian University for Women (AUW) bäigetrueden. D'Universitéit mat Sëtz zu Chittagong, Bangladesch, huet säit hirer Grënnung am Joer 2008 méi wéi 1.200 jonk Meedercher zu Féierungspersounen an Asien ausgebilt.

Fotoe vun den offiziellen Aktivitéite souwéi de sozialen an humanitären Engagementer vun der Grande-Duchesse

Hiren Asaz fir Fraen

Besonnesch sensibel fir d'Nout, d'Isolatioun an d'Stigmatiséierung vu Fraen a Meedercher, déi a Krisegebidder Affer vu sexueller Gewalt ginn, huet d'Grande-Duchesse sech an déi Thematik ageschafft. Si mécht sech zënter 2014 staark fir eng Léisung, an huet Frae begéint, déi esou Iwwergrëff iwwerlieft hunn. 2016 empfänkt d'Grande-Duchesse d'Gewënnerinne vum Sacharow-Präis Nadia Murad (Friddensnobelpräis-Laureatin 2018) a Lamiya Aji Bachar. Déi zwou jonk irakesch Fraen aus der Communautéit vun de Yeziden maache sech staark fir hir Gemeinschaft a sinn zum Symbol gi fir Fraen, déi Affer vu Gewalt vum Islamesche Staat goufen.

Audience des lauréates du Prix Sakharov 2016
© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

D'Grande-Duchesse huet d'Gewënnerinne vum Sacharow-Präis 2016, Nadia Mourad Bassi Taha a Lamiya Aji Bachar, de 15. Dezember 2016 an Audienz am groussherzogleche Palais empfaangen

Am Joer 2016 huet d'Grande-Duchesse den Dr. Denis Mukwege (Friddensnobelpräis-Laureat 2018) getraff. Déif beréiert vu senger Aarbecht huet si d'Initiativ ergraff, mat him a mam Céline Bardet, Grënnerin a Generaldirektesch vun der Associatioun We are not Weapons of War, den internationale Forum Stand Speak Rise Up! am Mäerz 2019 zu Lëtzebuerg ze organiséieren, fir der sexueller Gewalt a Konfliktgebidder en Enn ze setzen.

Conférence de presse Stand Speak Rise Up!
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Grande-Duchesse an den Dr. Denis Mukwege, Friddensnobelpräis 2018, wärend der Pressekonferenz vu "Stand Speak Rise Up!", 2019

Dësen internationale Forum huet méi wéi 1.200 Persoune ronderëm 50 "Survivantes" versammelt, déi aus allen Deeler vun der Welt komm waren. Besonnesch ervirzehiewen ass d'Presenz vun den dräi Friddensnobelpräisdréier Professer Muhammad Yunus, Dokter Denis Mukwege an Nadia Murad. De Forum war eng Plattform fir d'Debatt an den Austausch tëscht verschiddenen Acteuren an hirem Kampf géint sexuell Gewalt a Konfliktgebidder an de weiblechen Affer selwer. De Forum huet d'Erfarungen, d'Aktiounen an d'Recommandatioune souwuel vu Vertrieder vun nationalen an internationalen Organisatiounen ewéi och vun den Affer vu sexueller Gewalt beliicht. D'Konferenz huet och déi sozioekonomesch Auswierkunge vun dëse Verbriechen an d'Mënscherechtsverletzungen analyséiert. Et goufen Initiative virgestallt, déi di Betraffen ënnerholl hunn, fir ze heelen, Gerechtegkeet z'erfueren, sech Gehéier ze verschafen an Acteure vum Fridden a Wandel ze ginn.

Mat der Grënnung vun der Associatioun Stand Speak Rise Up! am Joer 2019, geet der Grande-Duchesse hiert Engagement virun, d'Vergewaltegung als Krichswaff a sexuell Gewalt a Krisegebidder opzedecken, hir Verbreedung ze verhënneren an d'Affer bei hirem Neiopbau an hirem Wonsch no Gerechtegkeet ze ënnerstëtzen. Vill bekannt an engagéiert Perséinlechkeeten aus der ganzer Welt hu sech an der Associatioun zesummefonnt.

Als Deel vun de Virbereedunge fir de Forum huet d'Grande-Duchesse 2018 eng humanitär Rees an de Libanon gemaach. Si wollt op der Plaz Iwwerliewender vu sexueller Gewalt (Flüchtlingen a Migranten) treffen, hir Leidensgeschichte lauschteren a si bei hirer Sich no Gerechtegkeet a Guttmaachung ënnerstëtzen. Si huet och e Mikrofinanzprojet besicht, deen de Status vu Fraen, virun allem vu Flüchtlingen, verbessere soll.

Fotogalerie vum internationale Forum Stand Speak Rise Up!

Hei fannt Dir déi ergräifendst Momenter vum internationale Forum, deen Iwwerliewender vu sexueller Gewalt a Krisegebidder an de Mëttelpunkt stellt.

2018 huet d'Grande-Duchesse ausserdeem bei den Entretiens de Royaumont zum Theema "Eng Fra an en Affer sinn" geschwat. An hirer Ried ass si op déi schwéier sozioekonomesch Nowierkunge vu Vergewaltegungen a Konflikter a Krisegebidder agaangen. Si huet dozou opgeruff eng international Allianz vun Iwwerliewenden a wichtegen ziville Perséinlechkeeten ze grënnen, fir de Kampf géint sexuell Gewalt ze verstäerken, d'Preventioun ze verbesseren a Guttmaachungs- an Unerkennungsléisungen ëmzesetzen.

2020 gouf d'Grande-Duchesse vun der Nato invitéiert, un engem digitalen Dialog zum Theema sexuell Gewalt a Konfliktgebidder deelzehuelen.

"Mir musse vun der Emotioun zur Aktioun kommen! Ech sinn iwwerzeegt, dass déi Betraffen zu Acteure vum Wandel kënne ginn, wa si an de Mëttelpunkt vun der Debatt gestallt ginn!"
La Grande-Duchesse lors des Entretiens de Royaumont
© Cour grand-ducale / Samuel Kirszenbaum

Entretiens de Royaumont, 2018 – D'Groussherzogin beim Austausch mat Referenten zum Thema "Fra an Affer sinn"

Am Joer 2020 war si Éierepresidentin vum Jury vum Prix de la Femme d'influence, mat deem Fraen ausgezeechent ginn, déi sech an der Gesondheetskris besonnesch ervirgedoen hunn.

Den engagéierten Asaz vun der Grande-Duchesse fir d'Fraen op der ganzer Welt huet sech an all deene Joren och a sëllegen Aktioune fir d'Fraen zu Lëtzebuerg gewisen. Saït 2019 bedeelegt si sech aktiv un der Campagne fir de Start vun der Orange Week zu Lëtzebuerg a gesäit verschidden Associatiounen, déi ënner anerem aktiv sinn am Schutz vun den Affer vun haislecher Gewalt.

Orange Week - Marche de solidarité contre les violences faites aux femmes
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Grande-Duchesse hëlt un der "Marche de Solidarité" géint Gewalt géint Fraen am November 2019 deel

Wärend de Covid-19 bedéngte Lockdown-Perioden steet d'Grande-Duchesse a reegelméissegem Kontakt mat vereenzelten Associatiounen, déi si ënnerstëtzt, sief et duerch Telefonsgespréicher, Videomessagen, déi zur Solidaritéit opruffen, oder duerch d'Participatioun u Campagnen an de sozialen Netzwierker.

Mat der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse huet si verschidden Aktioune lancéiert, wéi d'Verdeelung vu Smartphones an Tablets an Heemer, déi sech fir de Schutz vun Affer vun haislecher Gewalt asetzen, mee virun allem och finanziell Hëllefe fir Studenten a prekäre Situatiounen.

2021 engagéiert d'Grande-Duchesse sech am Kampf géint Gewalt u Fraen a Meedercher bei der Vodafone Foundatioun Luxembourg a bei der ASBL Femmes en Détresse, andeems si d'App Bright Sky ënnerstëtzt, déi den Affer an hire Familljen hëlleft.

Um Social Business Day erënnert si dorun, wéi wichteg et ass, d'Bildung vu Fraen a Meedercher souwéi den Entreprenariat vu Fraen ze ënnerstëtzen, fir déi global Ziler fir eng nohalteg Entwécklung ze erreechen.

Auszeechnunge vun der Grande-Duchesse

Déi héich Auszeechnungen, déi d'Grande-Duchesse fir hiert humanitäert Engagement kritt huet, sinn d'Unerkennung fir hiert aussergewéinlecht Engagement. Am Oktober 1999 krut si als Ierfgroussherzogin den Éierendoktertitel vun der Seton Hall University (New Jersey, USA).

Am Februar 2003 krut si den Éierendoktertitel vun der Universitéit vu Leon (Nicaragua) an den 13. Juni 2006 huet hir e Vertrieder vum Hellege Stull bei de Vereenten Natiounen de Path to Peace Award iwwerreecht. Dëse Präis gëtt all Joer u Persoune verginn, déi sech duerch hiert humanitäert a soziaalt Engagement ausgezeechent hunn.

Am Joer 2013 krut si vum Veräin ELPIDA den internationale Solidarity Award als Unerkennung fir hiren Asaz fir kriibskrank Kanner.

Den 10. September 2021 gouf si opgrond vun hirem onermiddlechen Asaz fir d'Rechter vu Fraen a virun allem fir hire konkreten Asaz fir Iwwerliewender vu Vergewaltegung als Krichswaff als "Global Champion for the Fight Against Sexual Violence in Conflict" ausgezeechent. Dëse prestigiéisen Titel vun de Vereenten Natiounen ass eng Unerkennung vun hirem Kampf géint Impunitéit a fir d'Verdeedegung vun engem universellen Humanismus, dee fir eng Zukunft a Gerechtegkeet a Fridde steet.

Visite du Centre d’accueil Norbert Ensch à Contern
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Grande-Duchesse huet mannerjäreg Meedercher a Mamme mat hire Kanner souwéi jonk Fraen, déi erwaarden, an elengerzéiend Familljen am Centre d'accueil Norbert Ensch zu Conter besicht

Interessien

D'Grande-Duchesse verbréngt immens gären Zäit mat hiren Enkelkanner. Si intresséiert sech och fir dekorativ Konscht an Design an huet an hirer Jugend 18 Joer laang klasseschen Danz studéiert. Si séngt gären, spillt Gittar a geet och gäre mat hiren Hënn spadséieren.

Le Couple grand-ducal lors du tournage «D’Maus Kätti»
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse bei den Dréiaarbechten zum Projet "D'Maus Kätti" fir de KulturKanal 2020

Aus Leidenschaft fir Literatur war si 2016 Member vum Jury fir de Literaturpräis fir historesch Romaner, dem Prix des Princes, zu Paräis.

Am Januar 2019 huet d'Grande-Duchesse dem Loris Chavanette de Prix de l'Histoire fir säi Buch "Quatre-vingt-quinze, La Terreur en procès" iwwerreecht.

D'Leidenschafte vun der Grande-Duchesse

Fotoen a Videoe vun der Grande-Duchesse

D'Grande-Duchesse an hirem Büro am Palais © Cour grand-ducale / Emanuele Scorcelletti (Paperjam)

Portrait vun der Grande-Duchesse an hirem Büro am Palais

Ried vun der Grande-Duchesse beim Forum Stand Speak Rise Up!, 2019 © Cour grand-ducale / Marion Dessard

Mäerz 2019: Ried vun der Grande-Duchesse beim Forum Stand Speak Rise Up!

D'Grande-Duchesse beim Forum « Stand Speak Rise Up! » © Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Grande-Duchesse beim Forum « Stand Speak Rise Up! » am Mäerz 2019

De Grand-Duc an d‘Grande-Duchesse um Schlass Bourscheid © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Nationalfeierdag 2019: De Grand-Duc an d‘Grande-Duchesse um Schlass Bourscheid

De Grand-Duc an d‘Grande-Duchesse bei der Ouverture vun der Ausstellung "Sur l'eau-On water" © Cour grand-ducale / Sophie Margue

2018: De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse bei der Ouverture vun der Ausstellung "Sur l'eau - On water" vun de Fotografe Yann-Arthus Bertrand a Philippe Bourseiller

Familljefoto am Schlass zu Bierg © Privatkollektioun Cour grand-ducale

Familljefoto am Schlass zu Bierg: Den Ierfgroussherzog Henri, d'Prinzessin Maria Teresa, de Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

D'Grande-Duchesse an de Prënz Guillaume © Privatkollektioun Cour grand-ducale

1981: Gebuert vum Prënz Guillaume

De Prënz Guillaume mat sengem Elteren a Grousselteren um Balkon vum Palais © Privatkollektioun Cour grand-ducale

1981: De Prënz Guillaume gëtt dem Vollek um Balcon vum groussherzogleche Palais virgestallt

Den Ierfprënz Henri, d’Ierfprinzessin Maria Teresa an de jonke Prënz Guillaume © Privatkollektioun Cour grand-ducale

Den Ierfprënz Henri, d’Ierfprinzessin Maria Teresa an de jonke Prënz Guillaume mat engem Péckvillchen am Bannenhaff vum groussherzogleche Palais am Joer 1983

Familljefoto am Schlass zu Fëschbech © Privatkollektioun Cour grand-ducale

Familljefoto am Schlass zu Fëschbech

D’Grande-Duchesse an der Maternité bei der Gebuert vun der Prinzessin Alexandra © Privatkollektioun Cour grand-ducale

D’Grande-Duchesse an der Maternité bei der Gebuert vun der Prinzessin Alexandra am Februar 1991

Foto vun der groussherzoglecher Famill © Privatkollektioun Cour grand-ducale

Foto vun der groussherzoglecher Famill am Joer 1992

Familljefoto © Privatkollektioun Cour grand-ducale

D'Grande-Duchesse, d'Prinzessin Alexandra an de Prënz Sébastien

Vakanzefoto vun der groussherzoglecher Famill © Privatkollektioun Cour grand-ducale

Déi groussherzoglech Famill an der Vakanz an den 90er Joren

D'Grande-Duchesse baakt mat hire Kanner © Privatkollektioun Cour grand-ducale

D'Famill beim Baken

Gittar spillen an der Famill © Privatkollektioun Cour grand-ducale

D'Grande-Duchesse an hir Kanner beim Gittarspillen an hirer Stuff

Virowend vun Nationalfeierdag zu Dikrech 2010 © Claude Dirckes

Déi groussherzoglech Koppel um Virowend vun Nationalfeierdag zu Dikrech 2010

Besuch beim Centre Pontalize © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Mäerz 2020: Besuch beim Centre Pontalize, dee sech der Fleeg vun eelere Mënsche widmet

Virféierung vum Film "Lynn-firwat net? Inclusioun gëtt et!" © Luxpress

D’Grande-Duchesse bei der Virféirung vum Film "Lynn-firwat net? Inclusioun gëtt et!" am Utopolis Lëtzebuerg 2010

Besuch op der Palliativstatioun © Cour grand-ducale / Olivier Polet

D’ Grande-Duchesse beim Besuch op der Palliativstatioun

Visitt an der Grondschoul zu Iermsdref-Miedernach © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

D‘Grande-Duchesse op Visitt an der Grondschoul zu Iermsdref-Miedernach am Joer 2016

Visitt vum ATD Quart Monde © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

D'Grande-Duchesse besicht 2017 déi verschidde Workshops vun der ATD Quart Monde

Institutionellt Galaiessen op Schlass Bierg © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Institutionellt Galaiessen op Schlass Bierg am Joer 2018

Besuch um Internationale Basar © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Besuch um Internationale Basar am Joer 2018

40. Jubiläum vum "Tricentenaire" © Cour grand-ducale / Manuel Dias

40. Jubiläum vum "Tricentenaire"

Lëtzebuerger Filmpräis 2018 © MCour grand-ducale/ Sophie Margue

Lëtzebuerger Filmpräis am Joer 2018

Aweiung vum CDA © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Aweiung vum Centre pour le Développement des Apprentissages "Grande-Duchesse Maria Teresa" am Joer 2018

Humanitäre Besuch am Libanon © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Humanitäre Besuch am Libanon am Joer 2018

Auszeechnunge fir Benevollen © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Auszeechnunge fir Benevollen am Joer 2018

Forum "From words to action: repairing the wounds of wartime sexual violence" © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Forum "From words to action: repairing the wounds of wartime sexual violence"

Verlobung op Schlass Bierg © Privatkollektioun

Verlobung op Schlass Bierg

Déi groussherzoglech Famill op Schlass Bierg © Privatkollektioun

Déi groussherzoglech Famill op Schlass Bierg

 

Kuckt d'Videoe vun der Grande-Duchesse:

Biografië vun der groussherzoglecher Famill

Biografie eroflueden

Aktivitéite vun der Grande-Duchesse