Actualité

COVID-19 : La Grande-Duchesse apporte son soutien aux associations

D’Grande-Duchesse schafft an dëser Zäit vun hirem Büro vu Schlass Bierg aus. ⁣
Si ass a Kontakt mat deenen Associatiounen wou si d’Présidence oder den Haut Patronage huet wéi zum Beispill d’Croix-Rouge luxembourgeoise oder d‘Association Nationale des Infirmières et Infirmiers du Luxembourg (ANIL). Hir Suerg gëlt awer och deenen Associatiounen déi sech em déi Persounen këmmeren, déi dacks um Rand vun der Gesellschaft stinn wéi d’Fondation Maison de la Porte Ouverte déi sech ëm Frae këmmert, déi Affer vun haislecher Gewalt sinn an d’Association Stëmm vun der Strooss, déi sech deene Mënschen unhëlt, déi keen Dach iwwert dem Kapp hunn. Iwwer de Kontakt mat den Direkteren vun den Altersheemer ass si och mat de Senioren am Land verbonnen. ⁣

An dëser schwéirer Zäit, wou all Gedanken, all Wuert an all léiwe Geste wichteg sinn, ass d’Grande-Duchesse mat hirer Ënnerstëtzung bei deene Villen, déi all Dag mat groussem Engagement um Terrain schaffen.⁣

COVID-19 : La Grande-Duchesse en visioconférence avec des associations luxembourgeoises
© Cour grand-ducale
COVID-19 : La Grande-Duchesse en visioconférence avec des associations luxembourgeoises
© Cour grand-ducale

Version française

S.A.R. la Grande-Duchesse continue à travailler depuis son bureau au château de Berg.⁣
Elle est en contact avec les associations dont elle a la présidence ou le haut patronage, notamment la Croix-Rouge luxembourgeoise et l’Association Nationale des Infirmières et Infirmiers du Luxembourg (ANIL), mais aussi avec les associations qui encadrent des personnes fragiles : les femmes victimes de violences conjugales à travers la Fondation Maison de la Porte Ouverte, les personnes sans domicile fixe avec l’association Stëmm vun der Strooss et les personnes seniors grâce au contact avec les directeurs de maisons de soins pour personnes âgées.⁣

En cette période difficile où chaque pensée, chaque mot, chaque geste comptent, la Grande-Duchesse reste proche avec son soutien auprès de tous ceux qui se battent avec tant de dévouement chaque jour sur le terrain.

COVID-19 : La Grande-Duchesse en visioconférence avec des associations luxembourgeoises
© Cour grand-ducale