Actualité
COVID-19 : Le Grand-Duc soutient les forces vives de la nation
An dëser Zäit vu Confinement huet de Grand-Duc sech mat der Grande-Duchesse op d’Schlass Bierg zréckgezunn. Dat hält hien awer net dovunner of, sech zäitgläich iwwer d’Situatioun vun der Kris z’informéieren, mee och Courage ze maachen a seng Dankbarkeet auszedrécken.
Dem Grand-Duc ass et dofir wichteg, am permanenten, deegleche Kontakt mat deene Mënschen ze sinn, déi och an dësen Deeg musse schaffen a sech mat aller Kraaft géint de COVID-19 asetzen oder d’Land um Lafen halen : Fleegepersonal, den öffentlechen Déngscht, d’Liewensmëttelbranche, d’Wirtschaftsakteuren, d’Berufskummeren, mee och karitativ Organisatiounen a Bénévoler.
D’Roll vun eis All, ob mir vir bäi stinn, aus der zweeter Reih hëllefen, oder eis einfach nëmmen un déi strikt Reegelen halen, ass an dëser Zäit vu gréisster Wichtegkeet.
Version française
Confiné au château de Berg avec S.A.R. la Grande-Duchesse, S.A.R. le Grand-Duc est en contact quotidien avec l’ensemble des forces vives de la nation mobilisées dans la lutte contre le COVID-19 : soignants, services publics, salariés des réseaux d’alimentation, acteurs économiques, chambres professionnelles, œuvres de bienfaisances, bénévoles.
Il s’agit de s’informer en temps réel comme d’encourager ou d’exprimer la profonde reconnaissance de notre population solidaire.
Le rôle de chacun qu’il soit en première ligne, en deuxième ligne ou tout simplement en observant les règles strictes de confinement est essentiel.