|     | Recherche avancée

Discours de Noël prononcé par S.A.R. le Grand-Duc
24-12-2018


Discours de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc
24 décembre 2018

Léif Matbierger,
Virun e puer Wochen ass sech zu Lëtzebuerg, zu Paräis, wéi an aneren Haaptstied vun Europa, mat Dignitéit un den 100. Joresdag vum Enn vum 1. Weltkrich erënnert ginn.
Den 11. November 1918 ass e ganz markanten Dag, jo eng Zäsur an der Geschicht vun eisem Kontinent. No méi wéi 4 Joer schrecklechem Krich, dee bal 20 Millioune Mënschen d’Liewe kascht huet, koum endlech de Moment vum Waffestëllstand.
Mee d’Welt war changéiert. Den europäesche „Leadership“ war fir ëmmer a Fro gestallt. An de Kampf fir de Fridden ze erhalen ass leider séier verluer gaangen: jo zwanzeg Joer duerno huet en anere Weltkrich ugefaangen.
An dach ass d‘Enn vum éischte Weltkrich bis haut vu grousser Bedeitung, well et den Ufank vun enger neier Ära agelaut huet. Ech schwätze vun der Zesummenaarbecht tëscht de Staaten an den Natiounen.

En neie System huet missen agefouert ginn:
-    mat Regelen, déi all Natiounen, ob grouss oder kleng, am selwechte Mooss respektéiere mussen
-    an och mat internationalen Organisatiounen, wou d’Staaten zesummeschaffen.
D’“Société des Nations“, de Virreider vun der UNO, gouf dunn gegrënnt. D’Krisenzäit an den Nationalismus an den 30er Joren hunn deem System awer net erlaabt, sech z‘entwéckelen. Eréischt nom 2. Weltkrich huet déi international Kooperatioun konstant u Bedeitung gewonnen.
An der Welt vun haut ass de Multilateralismus, dat heescht d’Zesummeschaffen an d’Gläichberechtegung tëscht de Staaten, méi wichteg ewéi jee. E muss iwwerall do gräifen, wou dat bilateralt u seng Grenze stéisst:
-    fir den internationalen Handel gerecht z’organiséieren,
-    fir de Klimawandel an de Grëff ze kréien,
-    fir d‘Erausfuerderunge vun der Migratioun global ze léisen
-    a fir vu Konflikter z’évitéieren.
Eis lëtzebuerger Diplomatie setzt sech zanter Jorzéngten an fir de Respekt vum internationale Recht, an d’Verdéiwung vun der multilateraler Kooperatioun. Si kritt och ganz vill Luef dofir.
Ech konnt dat nach op der COP24 zu Katowice perséinlech erliewen. Loosse mer un deenen Instrumenter an Institutioune festhalen, déi eis zur Verfügung stinn. Si hunn hir Preuve gemaach a Resultater geliwwert, och wann hir Aarbechtsweis sech den Entwécklunge muss upasssen.
An enger Zäit déi dacks vun nationalem Egoïsmus geprägt gëtt, mussen all déi international Akteuren sech hirer Responsabilitéit bewosst sinn. Mir hunn nëmmen eng Welt, mat Erausfuerderungen, déi eis Alleguerten Eppes uginn.

Léif Matbierger,
D’Resultat vun de Wale vun dësem Hierscht erlaabt der bestoender Koalitioun, eng weider Legislaturperiod virunzeschaffen, an ech wëll eiser Regierung eng glécklech Hand an der Ausübung vun hire wichtegen an noblen Aufgabe wënschen.
Grad wéi an eise Nopeschlänner kënnt et och an eiser politescher Landschaft zu Changementer. Méi Parteie fannen Uklang bei de Wieler, déi sech manner gebonne fille wéi fréier. Spezifesch Uleies oder Theme kréie méi eng grouss Resonanz.
Ech stellen awer mat Zefriddenheet fest, datt dee partei-iwwergräifende Konsens iwwer dat Wesentlecht net a Fro gestallt gëtt.
D’Ausgrenzung oder simplistesch Slogan’en hu kaum Uklang fonnt. Mir sollen houfreg sinn op d’Diversitéit an den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft.
A cet endroit, je voudrais remercier les non-Luxembourgeois qui résident ou qui travaillent dans notre pays pour leur contribution précieuse à notre société. La cohésion économique mais aussi la cohésion sociale de notre pays sont des atouts qu’il nous appartient de défendre à tout prix. Ils sont au cœur de notre projet et de notre réussite. C’est notre bien commun à tous.
Haut op dësem Chrëschtowend wëll ech meng Unerkennung awer net nëmmen op de politesche Plang begrenzen.
E groussen, déiwe Merci geet och un déi vill Memberen aus eiser Gesellschaft, déi sech, sief et heiheem, sief et a Krisenzonen, an den Déngscht stelle vun deene Mënschen, déi an der Nout sinn.
Solidaritéit a sozialt Engagement sinn dacks deen eenzege Liichtbléck dee bleift, wann d’Politik un hier Grenze kënnt.
Et geet net duer, Leed z‘erkennen, et soll een de Courage hunn, mat unzepake fir d’Welt ze verbesseren.

Déi Hëllef kann op ville Pläng geschéien, an och d‘Grande-Duchesse engagéiert sech mat vill Häerz an Iwwerzeegung fir Eppes ze beweegen, notamment am Kampf géint all Form vu sexueller Gewalt, besonneg a Géigenden, déi ënner Krich a Konflikter leiden. Ech sti voll a ganz hannert dëser Initiative vun der Grande-Duchesse. Vill Anerer, dorënner 3 Friddens-Nobel-Lauréaten, wäerte sech och uschléissen, an dat bei Geleeënheet vum engem internationale Forum am Fréijoer d’nächst Joer hei zu Lëtzebuerg.

Léif Leit alleguer,
Vill vun eis däerfen d’Chrëschtzäit mat hirer Famill an de Frënn feieren. Ech denken awer och un déi Krank oder déi, déi eleng sinn… Firwat hinnen net einfach op dësem Chrëschtdag e gutt Wuert oder e bëssen Zäit schenken?
An deem Geescht an zesumme mat der Grande-Duchesse, dem Grand-Duc Jean, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie an all eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerzen schéi Chrëschtdeeg an elo schon all Guddes fir e glécklecht neit Joer.