|     | Recherche avancée

Discours de Noël prononcé par S.A.R. le Grand-Duc (version LU)
24-12-2016


Discours de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc

Le 24 décembre 2016 (version originale luxembourgeoise)

Léif Matbierger,

Haut op Hellegowend, hu mir, no dësem beweegte Joer, de Wonsch no e bësse Rouh a Besënnlechkeet. Mir hunn awer och de Wonsch, fir mat Zouversiicht no vir kënnen ze kucken.

Bei allen Turbulenzen, déi mir dëst Joer erliewt hunn, sollte mir virun un de Fortschrëtt an der Welt gleewen. Niewt de ville Krisen, ginn et och positiv Evolutiounen.
- D’Liewenserwaardung klëmmt konstant an op eng spektakulär Aart a Weis.
- Global gesinn ass de Räichtum méi grouss ginn, och wann e weiderhinn ongerecht verdeelt ass.
- An der drëtter Welt ass déi extrem Aarmut iwwert di lescht Jorzéngten zréckgaang.
- D'Wëssenschaft bréngt all Dag nei Entdeckungen un d‘Liicht.
- Déi zentral Bedeitung vum Ëmweltschutz ass iwwerall unerkannt, dat beweisen déi verschidden international Engagementer géint de Klimawandel.

Ech kéint aner positiv Beispiller opzielen, mat der Gefor, als onverbesserlechen Optimist do ze stoen. Ech weess awer, dass eist aktuellt Ëmfeld als eng schwiereg Zäit empfond gëtt, wou Villes sech ännert a Villes a Fro gestallt gëtt.

Zanter der Wirtschaftskris vun 2008 hu vill Repèren a fest Iwwerzeegungen der Onsécherheet Plaz gemaach. D’Méiglechkeet, dass e Bankesystem oder souguer e Staat kéinte Faillite maachen, war net méi an eisen Denkschemen. Dofir hunn d’Leit ëm hir Erspuernësser gefaart.

Si sinn nach zousätzlech duerch zolitt Onrouhen an Deeler vun der europäescher Economie, d'Eropgoë vum Chômage an d‘Angscht virum sozialen Oofstieg veronséchert ginn.

Mir sinn an eng nei Phase vun der Mondialisatioun geroden. Mee doriwwer eraus loossen och Krich an Terrorismus, d’Tragédie vun Aleppo, mat hirer Konsequenz, dem Drama vun der Migratioun, den Androck vun engem fundamentalen Zäitwiessel entstoen. Dëst féiert dozou, datt vill Leit sech Froë stellen iwwer d’Erhale vun den Traditiounen an der Identitéit.


Dës Ängscht schloe sech och ëmmer méi am politeschen Denken, an an de Wahlresultater néier. Vill Mënschen wëlle méi Sécherheet an deelweis souguer nees al Grenzen aféieren. Et ginn déi, déi zréck an hir bekannte Welt wëllen. Oder déi, déi einfach Äntwerten op komplizéiert Froë sichen. Sou verständlech dat och ass, dës Entwécklung ass mat Gefore verbonnen, well se eis Gemeinschafte spléckt.

Sécher, dëse verschiddenen Ausdréck vu Malaise an Ierger däerf een net mat Arroganz begéinen. Et muss ee se eescht huelen, op se agoen an no konkrete Léisunge sichen. Aner Meenungen ze ignoréieren well se net „politesch korrekt“ sinn ass sécher net dee richtege Wee.

Ech sinn a bleiwen awer dovunner iwwerzeegt, datt mir eis net vun der Angscht däerfe leede loossen.
“La peur est mauvaise conseillère.”
D'Angscht däerf keng Plaz hunn am politeschen Handelen.
Dofir mussen déi politesch Acteuren dëse Gefiller mat Rouh an Iwwerleeung begéinen. Wann d’Politik ëmmer erëm beweist, datt si pro-aktiv ass a sech net vun den Evènementer iwwerrenne léisst, da schaft si richtegt Vertrauen.


Léif Matbierger,

Wéi all Land ass och Lëtzebuerg net verschount vun dëse neien Tendenzen. Mee ech stellen awer mat Zefriddenheet fest, datt mir dës Froen mat méi Sérénitéit uginn. Et schéngt wéi wann eist lëtzebuergescht Temperament äis virun exzessiven Haltunge géif schützen.

Kucke mir nëmmen, mat wéi enger Heftegkeet den öffentlechen Débat am Ausland deelweis gefouert gëtt. Wou fanne mir do nach déi Wäerter, déi äis esou wichteg sinn?: Toleranz a Respekt. Ech nennen haut keng Beispiller, mir kenne se alleguerten nach ze gutt.

Déi nächst Wahlen sinn net méi wäit ewech. Ech géif mir wënschen, datt déi öffentlech Debatt zu Lëtzebuerg mat Moderatioun gefouert gëtt.

Sou war et bis elo nach ëmmer.

Perséinlech Ugrëff, iwwerdriwwen Ausdréck, dat alles gehéiert net zu eisen Traditiounen. Ech sinn der Meenung, dass de frëndlechen a respektvollen Ëmgang an eiser Demokratie dee Modell bleift, deen eisen Institutiounen am Beschte steet.
Eis Fähegkeet harmonesch zesummen ze liewen ass och fir Lëtzebuerg e groussen Atout an dësem Kontext. Ech si beandrockt a beréiert, wéi eis Gesellschaft et all Joer fäerdeg bréngt, nei Mënschen opzehuelen. Si sinn eng grouss Beräicherung op alle Pläng a droë vill bäi zu der Entwécklung vun eisem Wuelstand. Sécher, der Lëtzebuerger Économie geet et gutt. Mee d’Oppenheet vun eiser Populatioun ass och do. Mir hu Flüchtlingen aus de Krichsgebidder am mëttleren Osten opgeholl. Dat alles weist, dass mir di konkret Erausfuerderungen mam richtegen État d’Esprit uginn.

An dann gëtt et een anere Wee fir der Angscht entgéint ze wierken, an zwar eis Fähegkeet, d’Zukunft virzebereeden.

Di lescht Méint waren op eng beandrockend Aart a Weis vun de Reflexiounen iwwert den zukënftegen Positionnement vun eisem Land geprägt. Den Ausmooss vun dësem Débat ass scho remarkabel.

D’Regierung ass fir dës Initiativ ze félicitéieren, mee ech well virun allem all deenen verschiddenen Stëmmen déi sech manifestéiert hunn Merci soen. Munch Ideeën wäerte konkret ginn, anerer wäerte fale gelooss ginn. Wesentlech ass awer de Fait datt esou eng Debatt gefouert gëtt an datt mir domat de Beweis untrieden, datt mir selwer d’Jalonën fir d’Lëtzebuerg vu muer setzen.
Vun deem Moment un, wou d’Zukunft net méi als eng Bedroung gesi gëtt mee als Chance fir nei Méiglechkeeten, léise sech d’Angschtgefiller an eise Käpp an an eisen Häerzer.

Léif Matbierger,

D’Feierdeeg si fir eis alleguer, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, Jonk an Al, Gleeweger an Net-Gleeweger, d’Geleeënheet fir sech zesummen ze fannen an äis der Bedeitung vun der Famill an der Solidaritéit nees bewosst ze ginn. An eisem Alldag dréine mir vill ze dacks ëm äis selwer a vergiessen dat Wesentlecht. Ech denke mat vill Emotioun un all déi, déi während de Feierdeeg eleng sinn. Ech denken un déi Krank an un déi, déi sech ausgeschloss fillen. Loosst äis vun dësen Deeg profitéieren, hinnen d’Hand ze reechen. Loosse mir hëllefen, wou a souwäit et äis méiglech ass. Dat kennt och eis zegutt. Nëmme mat sozialem Zesummenhalt kënne mir déi heinsdo haart Défiën vun eiser Zäit meeschteren.

Et ass an dësem Geescht wou ech, zesummen mat der Grande-Duchesse, dem Grand-Duc Jean, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie, iech all vu ganzem Häerzen schéi Chrëschtdeeg wënschen. Eis Alleguerten e gudde Start mat vill Optimismus a guddem Wëllen an dat neit Joer.