|     | Recherche avancée

Discours prononcé par S.A.R. le Grand-Duc lors de la cérémonie officielle
23-06-2015


Discours de S.A.R. le Grand-Duc prononcé à la Philharmonie Luxembourg, lors de la cérémonie officielle, le 23 juin 2015, jour de la Fête Nationale au Grand-Duché de Luxembourg (seul le discours prononcé fait foi).

Här President vun der Chamber, Här Staatsminister, Dir Damen an Hären Deputéierten, Dir Damen an Häre Ministeren, Exzellenzen, Léif Matbierger alleguer,

Et si bal op den Dag genau 200 Joer hier, datt eise Staat als Grand-Duché um Pabeier geschaaffe gouf, no laange Verhandlungen um Wiener Kongress. Vun do u bis haut, ass Lëtzebuerg säi Wee gaangen, deen eis Eegenart speziell geprägt huet.

Eis Devise „mir wëlle bleiwe, wat mer sinn“ ass alleguerte bekannt, mee de Kontext an deem se formuléiert gouf, vläicht manner. Fir d’Saachen an hirem vollen Ëmfang ze verstoen, ass et der Wäert fir een Ablack hei stoen ze bleiwen.

Mir sinn am Joer 1859: d’Aweiung vun der Eisebunn ass e Moment vu Freed a Stolz fir e jonke Staat an eng Bevëlkerung, deenen hiert Schicksal ganz ongewëss ass. Et ass esouguer méi schlëmm: d’Groussmuechten, Frankreich a Preisen un éischter Stell, sinn zu all Moment eng Gefor fir d’Integritéit, jo fir d’Iwwerliewe vum Land. Deemols komponéiert de Michel Lentz de „Feierwon“, deen de Freiheetsdrang an de Wonsch no Onofhängegkeet vun de Lëtzebuerger ennersträicht.

D’Lëtzebuerger wëlle keng Preisen, keng Fransousen, oder irgend eppes anescht sinn, wéi dat, wat se schon eigentlech sinn. Sie sangen geschlossen de Refrain „mir wëlle bleiwe wat mer sinn“, fir sech ze beweisen, dat si e Gefill vu Zesummeliewen entwéckelt hunn. Et ass keen Ausdrock vu a-sech-zeréckzéien, mee vill méi d’Versprieche vun enger kollektiver Zukunft.

Annerhalleft Joerhonnert duerno kënne mer, mengen ech, mat engem gewëssene Stolz feststellen, wat sech aus deem Versprieche erginn huet. Aus engem evolutive Prozess, deen ni opgehalen huet, huet sech déi Lëtzebuerger Identitéit ergin. Eng Identitéit, déi mécht datt mir haut „mir“ soen kënnen, datt mer och anescht sinn wéi déi aner, och wa mir op déi aner ugewiese sin.

„Mir si bliwwe wat mer sinn“ an deems mer mat der Zäit gaange sin, an an deems mir d’Réckschléi vun eiser Geschicht solidaresch iwwerwonnen hunn. 

Dir Damen an Dir Hären,

D’Commemoratiounen, déi mer fir 70 Joer Befreiung viru kuerzem begaangen hunn, behalen haut hire volle Sënn. Sie sinn esouguer fir eis méi emouvant wie jee. Et gelt sech un dat Wesentlecht z’erenneren an, de Fridden ze erhaalen, fir d’Mënschheet insgesamt, wéi fir eist Vollek am besonneschen.

Et gelt de Wee ze moossen, den eist Land zenter hir gaangen as, a wirtschaftleche, soziale oder kulturelle Beräicher. 

Et gelt och Matgefiller z‘entweckelen fir all déi Generatiounen, déi vum Krich geprägt goufen, déi mat groussem Courage d’Land nees opgebaut hunn, an déi eis elo mat der Zäit Äddi soen.

Eis Heemecht ass hinnen esou vill schëlleg. Ech erënneren mech och mat vill Emotioun un déi Zeremonie zu Slonsk a Polen dëse Wanter, wou bal honnert Jonk Lëtzebuerger, Enn Januar 1945, erschoss goufen. Mir wäerten si ni vergiessen, ewéi all déi Victimen vun dëse schreckleche Joeren. 

Am aktuellen Zäitalter vun engem friddleche Kontinent bedéngt duerch déi europäesch Integratioun, an der Zeit vun der Globaliséierung, déi méi uniform Behuelen a Gewunnechten mat sech bréngt, soll d’Fro vum Erhalen vun der Identitéit keen Tabu sinn. Ganz am Géigendeel. Och zu Lëtzebuerg stellt sech des legitim Fro, an engem fir eis spezifesche Kontext. 

D’Ennerscheeder tëscht de Populatiounen oder d’Diversitéit vun de Kulturen wäerten net verschwannen an der globaliséierter Welt. 

Den europäesche Projet, deen esou vital fir eist Land ass, wärt och net d’Populatioune vun de Memberstaaten an en uniformt europäescht Vollek verschmëlzen. Neen, dat lëtzebuerger Vollek wärt bleiwen, mat sengem Temperament, senge Fähegkeeten, sengem Territoire, senger Geschicht an dem Wëllen zesummen ze liewen.

Mee wat heescht dat eigentlech, Lëtzebuerger sinn?

Et heescht gemeinsam Eegenschafte hunn, déi sech ergänzen oder heiansdo widderspriechen.

Et ass eng gemeinsam Geschicht oder Institutiounen ze deelen, awer och e Projet fir d’Zukunft matzegestalten. 

Et ass sech iwwert eng gemeinsam Sproch, d’Lëtzebuergescht, ze verstänndegen, wéi och d’Sprooche vun deenen aneren, un éischter Linn, déi vu eise Noperen, ze meeschteren. 

Et ass d’Freed sech doheem wuel ze spieren, solidaresch op engem klengen an heemlechen Territoire ze sinn, an déi instinktiv Fähegkeet iwwer eis Grenzen eraus ze kucken. 

Et ass eis Traditiounen, eis Fester an eis Gebraïcher ze fleegen an och ze begräifen wat d’Net-Lëtzebuerger eis bruecht hunn, an eis nach weider brénge wäerten. 

Et ass houfreg ze sinn, op dat wat eis Kollektivitéit erreecht huet, a sech zougleich eise Limite voll bewosst ze sinn. 

An engem Wuert, et ass eng Opfaassung vun der Identitéit ze hunn, déi esouwuel opgeschloss ewéi generéis ass. 

Dir Damen an Dir Hären,

Virun zwou Woche hunn d’Lëtzebuerger och eng Meenung iwwert d’Citoyennetéit zum Ausdrock bruecht. D’Kloerheet vum Resultat wor iwwerraschend. Domat sinn d’Saachen evident an net ze contestéieren.

Eis Institutiounen an déi politesch Entscheeder si virun hir Verantwortung gestalt. D’Diskrepanz tëscht gewëssene Wënsch an dem Empfanne vun enger grousser Majoritéit sollt keen Ulass sinn fir Enttäuschung oder Frustratiounen. Et ass am Géigendeel en dréngende Opruff fir besser zesummen ze schaffen, fir eis Schicksalsgemeinschaft ze stäerken an e gemeinsame Projet fir d’Zukunft ze definéieren.

D’Zesummeliewen tëscht de Lëtzebuerger an de net-Lëtzebuerger, déi  numérësch bal am Gläichgewiicht sinn, ass net einfach selbstverständlech. All Awunner an dësem Land huet säi Beitrag ze leeschten, am Alldag ewéi op laang Siicht. Näischt ass automatesch, alles ass d’Konsequenz vun engem Wellen. 

Vill Gefore laueren, déi éischt ass déi vun enger cloisonnéierter Gesellschaft, wou déi zahlreich Communautéiten laanschtenee géife liewen. Dat „ënnert sech bleiwen“ ass en doust Gëft, wat sech net an eisem Land lues a lues breet maachen däerf.

Et as eis essentiell Responsabilitéit, aus der Bequeemlechkeet erauszetrieden fir op deen Aneren zouzegoen.

Fir d’net-Lëtzebuerger ass et ubruecht, Efforten ze maachen fir sech z’integréieren, iwwert de We vun der Sprooch, oder de Wee vum Engagement an eist Sozial- oder Kulturliewen.

Fir d’Lëtzebuerger gelt et sech als oppen an interesséiert fir eis auslännesch Matmenschen ze weisen. Hannert der reservéierter Haltung vu ville vun eise Matbierger verstoppt sech vill Scheiheet, mee och vill Haerzlegkeet. 

Mesdames et Messieurs,

Grandir, croître sans cesse, se remettre en question cela implique aussi des bouleversements fondamentaux pour notre pays comme pour notre collectivité. Les défis qui sont devant nous ne sont en rien insurmontables, pourvu que nous restions fidèles à ce que nous sommes, à la conscience de notre particularité, comme à notre obligation d’ouverture.

Op eisem Nationalfeierdaag, dem Daag vun  eiser enker Verbonnenheet ënnerteneen, loosse mer verspriechen, emmer an emmer un eiser Cohesioun an eiser nationaler Eeenheet ze schaffen. Losse mer emmer op desen Zement vun eiser diverser an oppener Gesellschaft oppassen.

Vive eist Lëtzebuerger Land!