|     | Recherche avancée

Discours de Noël prononcé par S.A.R. le Grand-Duc (version LU)
24-12-2014


Discours de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc

Le 24 décembre 2014 (version originale luxembourgeoise)

Léif Matbierger,

Vill markant Commemoratiounen hunn dësem Joer hire Stempel opgedroen. Viru genee 100 Joer huet d’Geschicht op eisem Kontinent sech vun hirer trageschster Säit gewisen, mam freie Fall an d‘Katastroph, dén den Ufank vum éischte Weltkrich duerstellt.

Aner entscheedend Momenter vum viregte Joerhonnert, un déi dëst Joer erënnert gouf, wéi 1939 an den Ufank vum zweete Weltkrich, oder den 6. Juni 44 an den  Débarquement an der Normandie, sinn iwwregens eng direkt Konsequenz dovun.

D’Geschicht kann sech awer och vun hirer méi glécklecher Säit weisen. Esou 1989, virun engem Véirelsjoerhonnert, wou mam Fall vun der Berliner Mauer, den östlechen Deel vun Europa sech, wéi duerch e Wonner an ouni Gewalt, vun engem despotesche System lassbannen konnt.

Virun esou fundamentalen Ereegnisser fille mir eis zimlech helleflos, mam Androck, dass déi grouss Saachen vum Schicksal bestëmmt ginn.

Et sinn awer d’Leit, déi d’Geschicht schreiwen. D’Mënschen si fäheg Lektiounen aus de schlëmmsten Tragedien ze léieren. Esou woren et regelrecht Visionären, déi nom zweeten Weltkrich d’Versöhnung erméiglecht hunn, an déi eng revolutionär Idee, den europäesche Gedanke, ëmgesat hunn.

D’Menschen sinn esouguer am Stand Bierger ze versetzen, wéi déi anonym Helden, deenen ech de Privileg hat, zu Rostock am September op Aluedung vum Bundespräsident Gauck ze begéinen. Sie hunn deemools am Hierscht 1989 mat hirem Courage, hirem Engagement an hirer Ausdauer den totalitären Regime an Ostdäitschland ëmgestouss. Dëst huet onméiglech geschéngt. An dach sinn d’Ketten vun der Gefaangenschaft zerbréckelt.

Déi beweegten 175 Joer vun eiser letzebuerger Geschicht, déi och dëst Joer gefeiert goufen, sinn déi vun enger Gemeinschaft, déi hiert Schicksal an d’Hand hëlt, an déi vu besseren Ëmstänn, besonnesch nom zweeten Weltkrich, profitéiert fir als Natioun an als Staat hir Plaz op der Weltbühn ze sécheren.

Léif Matbierger,

Mir sinn alleguer d’Ierwen vun engem gemeinsame Gutt, wat mer de Generatiounen, déi no eis kommen, viruleeden sollen. Ierwen an weiderginn.

Et ass hautdesdaags zum Beispill eis grouss Verantwortung der heiansdo kritiséierter europäescher Integratioun en neien Elan ze ginn. Déi aktuell Schwieregkeeten sollen net Ulass ginn, de formidabele Fortschrëtt a Fro ze stellen, dén se den Europäer bruecht huet, an zwar de Fridden, d’Versteesdemech tëschent de Völker an och de wirtschaftleche Wuelstand. Dës Ierfschaft musse mir onbedéngt beibehaalen, stäerken a beräicheren.

Jidderee vun eis ass, an der Mooss vun sengen Mëttelen, dozou opgeruff selwer Akteur ze sinn, an dem e säi Liewen an d’Hand hëlt, mee och an dem en sech fir déi aner engagéiert. Dir kennt bestëmmt alleguer de berühmte Satz vum amerikaneschen President Kennedy deen seng Landsleit opfuerdert, „nëtt sech ze froen wat hiert Land fir sie maachen kann, mee wat sie fir hiert Land maache können.“ Dëst Zitat gëtt eng profund Wourecht erëm, an zwar dass Jiddereen an der Gesellschaft eng Roll ze spillen huet, déi säin eegent Schicksal iwwertrëfft.iwwertrëfft.

Eist Zesummeliewen geet vun engem gesonden Equiliber aus, tëscht wesentlechen, individuellen Rechter an der Opmierksamkeet déi een der Gemeinschaft beimiesse soll.

Wat een Engagement nennt, hëlt divers Formen un. Et ass fir d’aller éischt eng Saach vu Mentalitéit: sech bewosst sinn, dass e gelongent Liewen bestëmmt méi ass, ewéi d‘Befriedegung vu perséinleche Wënsch, an dass den Interêt général heiansdo säin Tribut fuerdert. Dass deenen aneren entgéint ze kommen net nëmmen eng Pflicht ass, mais vill Freed brénge kann. An dass schliesslech d‘Freed eppes ze schenken vill méi bedeit, ewéi de Pleseier eppes ze kréien.

Selbstverständlech ass den Engagement an éischter Linn eng Saach vun Handelen. An enger politescher Partei, enger Gewerkschaft oder enger ONG aktiv ze sinn, fir eng besser Welt anzetrieden, oder eng Welt ze gestalten, déi méi konform ass zu den eegene Valeuren, verdéngt den gréisste Respekt. Loosse mer d’Jugend encouragéieren an dës Richtung ze goen. D’Welt vu muer wärt och zum Deel aus deenen Dreem bestoen, déi sie haut dreemen. Hinnen ass et iwwerlooss des Dreem ëmzesetzen, eis Roll soll et sinn, sie an hirer perséinlecher Demarche z‘ënnerstëtzen.

Sech an d’Gesellschafts- oder Veräinsliewen z‘implizéieren, ass mat Secherheet och en Engagement vun grousser Bedeitung. De Bols vun eisem Land schléit an deenen villen Veräiner, wou all déi Benevol zesumme kommen, heiansdo och Diskussiounen hun, mee dach ëmmer am Sënn vun hirer Associatioun handelen.

Senge Frënn déi an der Nout sinn bäistoen, oder sech ëm d’Memberen vun der Famill am Alldag suergen, sinn a mengen Aen eng aner Form vun Engagement. D’Solidaritéit an der Famill, wéi déi richteg Solidaritéit déi et ënner Frënn gëtt, ass e Pilier vun eisem Gemeinschaftsliewen. Fir all déi, déi reliéis Iwwerzeegungen hunn, wéi fir déi déi keng hunn, bedeit Chrëschtdag e privilegéierte Moment vun Deelen a sech Zesummefannen. Dat ass ganz gutt esou, mais dat Deelen an sech Zesummefannen sollt eigentlech iwwert dat ganzt Joer stattfannen, ouni fix Terminer, déi am Kalenner ageschriwwe sinn.

Un dësem Virowend vu Chrëschtdag denken ech besonnesch un all déi Leit, déi alleng sinn. Ech stelle mer vir, wéi et wéidoen kann, kee Mënsch bei sech ze hunn, wann all déi Aner feieren. Mir hu praktesch alleguer Leit an eisem Ëmkrees, déi entweder krank oder verloss sinn. Des Feierdeeg déi e bësse Rou bréngen, ginn eis d’Geleeënheet, hinnen e Gest vu Frëndschaft a vu Solidaritéit entgéint ze bréngen, dé secherléch ganz dankbar opgeholl gëtt. Déi einfachst Gesten sinn dacks déi nobelst. 

Mes chers compatriotes, 

L’étroitesse de notre territoire ainsi que notre histoire mouvementée nous ont rendus pleinement conscients de notre dépendance à l’égard de tous ceux qui nous entourent. Je pense que cette prise de conscience a le mérite de nous préserver de l’arrogance.

Je saisis à nouveau cette occasion pour remercier tous ceux qui apportent leur pierre à la construction d’une société luxembourgeoise ouverte et diverse. Acceptons la contribution de chacun comme un cadeau à notre cohésion. Soyons fiers et reconnaissants de notre diversité. Il est essentiel que ces temps de crise soient vécus comme une opportunité de nous rassembler autour ce qui nous unit.

Am Numm vun der Grande-Duchesse, vum mengem Papp dem Grand-Duc Jean, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie an all eise Kanner, wëll ech Iech meng bescht Wënsch fir Chreschtdaag a fir e neit Joer vu Fridden a Gléck iwwermëttelen. Loosse mir vun dëse Momenter profitéieren fir eis ze freeën, dat mer an engem Land liewen, wou des Wäerter vu Solidaritéit an Engagement nach groussgeschriwwe ginn.