|     | Recherche avancée

Discours de Noël de S.A.R. le Grand-Duc (version LU)
24-12-2011


Léif Matbierger,

Et ass eng gutt Traditioun, sech op Hellgerowend Zäit ze huelen, fir op déi vergaangen zwielef Méint zréckzekucken.  Wat hu mir erlieft? Wat huet eis positiv beweegt?  Wat wëlle mir am neie Joer vläicht anescht maachen?

Seele gouf et e Joer, dat esou marquéiert war wéi dëst vun e puer aussergewéinlechen Evenementer, déi der Aktualitéit hire Stempel opgedréckt hunn.  Ech denken do als éischt un déi beonrougend Scholdekris am Euroraum, déi och Répercussiounen op Lëtzebuerg huet.  Ech sinn iwwerzeegt, datt eist Land alles mécht, fir d’Kris z’iwwerwannen – an dat wäert eis an engem gemeinsamen Effort och geléngen.  Ech denken dann awer och un déi historesch politesch Changementer an der arabescher Welt, un déi terribel Hongersnout an Ostafrika an un dat schrot Erdbiewen a Japan.

Wéi den 11. Mäerz de japanesche Buedem geziddert an en Tsunami d’Küsteregiounen iwwerschwemmt huet, huet d’Welt den Otem ugehal. Mä et sollt net bei enger tragescher Naturkatastroph bleiwen.  D’Atomzentral vu Fukushima ass ausser Kontroll geroden an eng ganz Regioun gouf verstraalt. Honnertdausende Leit hunn hiert Doheem verluer.  Och op Hellgerowend sinn eis Gedanke beim japanesche Vollek a bei allen aneren Affer vu Katastrophen a Kricher.  Natierlech denke mir och un déi Familljen heiheem, déi a Nout waren oder et elo sinn.

Wéi gesot, vill Leit uechter d’Welt goufen duerch d’Reakterkatastroph a Japan sensibiliséiert.  Froen zur Sécherheet vun Atomreakteren, zur Energieversuergung vu muer an zum Naturschutz gi nees a ville Länner mat Nodrock gestallt.  Den Appell no enger neier, méi grénger Energiepolitik ass net z’iwwerhéieren.

Wann et ëm Natur- an Ëmweltschutz engersäits, an ëm Energieversuergung a Konsumverhalen anerersäits geet, musse mir eis de Suiten vun eisem eegenen Handelen bewosst sinn.  Responsabel consomméieren ass hei eng Grondviraussetzung.  Mir wëssen an Tëschenzäit, datt statistesch gesinn eng Äerd net géif duergoen, wa siwe Milliarde Leit esou liewe géife wéi mir.  Hei stellt sech e seriéise Ressourcen- an en Emissiounsproblem.  Mir mussen eis iwwerleeën: Wéi a wéi wäit kënne mir eise Wuelstand erhalen, ouni datt deen op Keschte vun anere geet?  Wéi kënne mir eisen Energiehonger bremsen?  Kee ka sech aus der Verantwortung stielen a soen: Dat geet mech näischt un! Grad an engem Land, an deem et och a méi schwieregen Zäiten  glécklecherweis ville Leit nach gutt geet, hu mir eng besonnech Responsabilitéit, déi wäit iwwer d’Grenzen vun eisem Territoire erausgeet an och eis Entwécklungspolitik concernéiert.  All dëst ënnerstreicht, datt Ëmwelt- a Naturschutz déifgräifend Mesuren an e wierkleche Bewosstsäinswandel brauch, ouni awer eng Ideologie däerfen ze ginn.

Un d’Gesellschaft an u jidder Eenzelnen appeléieren ech dofir: Kommt, zécke mir net, eis éiergäizeg Ziler ze setzen, wann et ëm d’Erhale vun der Schöpfung geet!  Beweegt eppes a beweegt anerer, zesummen un engem ökologesch responsablen a solidaresche Lëtzebuerg matzeschaffen.  A vergiesse mir dobäi net déi Leit a Familljen, déi manner gutt situéiert sinn, fir datt och si sech Energie a Waasser muer nach leeschte kënnen.

Ausdrécklech wëll ech an dësem Kader all déi Mesuren begréissen, déi an de leschte Joren vun öffentlecher wéi vu privater Säit ergraff goufen, fir d’Ëmwelt ze schounen, d’Natur ze protégéieren an alternativ Energieformen ze promouvéieren.  Ech félicitéieren och all Eenzelnen, dee säi Beitrag leescht duerch e spuersamen Ëmgank mat der Energie an aneren, net erneierbare Ressourcen.

Bei Visiten a Naturschutzgebidder, bei Gespréicher mat Produzente vun Ökostroum an och bei Spadséiergäng ginn ech mir ëmmer nees bewosst, wéi fragil eis Natur ass a wéi e grousst Potential an engems an hier stécht.  D’Freed an der Natur ze sinn, krut ech vu mengen Elteren a Grousseltere vermëttelt an ech hunn dës, mat der Grande-Duchesse, och un eis Kanner viruginn, wéi vill Elteren dat och maachen.  Et ass a mengen An immens wichteg, datt jonk Leit fréi verstinn, wat et bedeit, an engem gesonden Ëmfeld opzewuessen.  Lues a lues begräife si dann och, datt Natur- an Ëmweltschutz mat nohalteger Entwécklung a Fridden ze dinn huet, mat Aarmutt a Räichtum a mat Mënscherechter an Aarbechtsconditiounen an deene Länner, an deenen d’Ressourcen produzéiert ginn, déi mir verbrauchen.

Chers concitoyens,

Dans son ouvrage le plus récent, le diplomate et politologue français Stéphane Hessel, que par ailleurs j’ai eu l’occasion de rencontrer, plaide pour un "développement soutenable".  Il prend l’exemple du bon jardinier qui exploite les fruits de la terre d’une manière intelligente, afin que les plantes puissent se développer et se renouveler.  "Un des défis les plus importants, c’est la Terre", écrit Hessel.  La protection de la nature et de la terre ne s’arrête pas à nos frontières, elle nous concerne tous, nous qui vivons ou travaillons au Luxembourg.  Je vous encourage donc à vous investir dans ce domaine, ici au Grand-Duché tout comme dans vos pays d’origine.

Léif Matbierger,

Mir kënnen eis glécklech schätzen, an engem Land ze liewen, dat op ville Plazen och nach haut vu senge schéine Landschaften geprägt ass.  Net fir näischt ware mir an eiser Geschicht fir eng kuerz Zäit en Deel vum Département des Forêts.  Um Enn vum internationale Joer vun de Bëscher sollte mir eis bewosst sinn, wat et heescht, an engem Land ze wunnen, dat räich u Bëscher a Baachen ass, wou et Naturparke gëtt, wou d’Klima moderat an d’Qualitéit vu Loft a Waasser gutt ass.  Dësen immens wäertvolle Patrimoine gëllt et z’erhalen, fir eis selwer wéi fir d’Gesellschaft a fir all déi, déi no eis kommen.  Loosse mir dofir de Natur- an Ëmweltschutz zu enger perséinlecher Prioritéit maachen.

Léif Matbierger, Chers concitoyens,

Op Hellgerowend wënschen ech Iech all, och am Numm vun der Grande-Duchesse, vu mengem Papp, dem Grand-Duc Jean, a vun eise Kanner, schéi Chrëschtdeeg an e gutt neit Joer.